Geschicht vun der Verfassung
Déi grouss Etappen
Déi kinneklech-groussherzoglech Veruerdnung vum 12. Oktober 1841 iwwert d’Konstitutioun vun de Stänn fir de Groussherzogtum Lëtzebuerg war déi éischt Lëtzebuerger Verfassung. Si bestoung aus 52 Artikelen, ënnerdeelt a véier Kapitelen. Hiert Zil war et, engersäits eng stabel Administratioun anzeriichten, déi der Situatioun an de Besoine vum Grand-Duché entsprach huet, an anerersäits derfir ze suergen, datt d’Verfassung mat de Statute vum Däitsche Bond am Aklang stoung.
D’Rechter vun de Bierger waren nëmme fragmentaresch opgezielt, an och d’Trennung vun de Pouvoire gouf nëmmen um Rand behandelt.

D’Verfassung vum 9. Juli 1848, bei där déi meeschten Dispositiounen aus der belscher Verfassung vun 1831 iwwerholl goufen, war déi éischt richteg demokratesch Verfassung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg. Eis aktuell Verfassung huet déi grouss Prinzipien aus dëser Konstitutioun, wéi d’Gewaltentrennung an d’konstitutionell Monarchie a besonnesch d’Proklamatioun vun de Grondfräiheeten, bäibehalen.
Dës Konstitutioun war an engem ganz liberale Geescht verfaasst. Si huet e Gläichgewiicht tëschent dem Pouvoir législatif an dem Pouvoir exécutif hiergestallt, andeems si der Chamber eng wichteg Plaz als legislatiivt Organ an als Kontrollorgan vum Pouvoir exécutif ageraumt huet. Doriwwer eraus huet si d’Grondrechter a -fräiheete wéi d’Gläichheet virum Gesetz, d’Meenungsfräiheet an d’Pressefräiheet proklaméiert.

Duerch den Doud vum Wëllem II. am Joer 1849 koum säi Fils Wëllem III. op den Troun. Hien hat vill méi en autoritäre Charakter wéi säi Papp an huet sech schwéier gedoe mat där liberaler Verfassung vun 1848. Iwwert d’kinneklech-groussherzoglech Veruerdnung vum 27. November 1856 huet hien eng Revisioun vun der Verfassung verkënnegt. D’Verfassung vun 1856 rétabléiert d’Souveränitéit vun der Monarchie a schränkt d’Pouvoire vun der Chamber an. Doriwwer eraus gouf esouguer als Géigegewiicht zum Pouvoir législatif e Conseil d’État, deem seng Memberen dem Roi Grand-Duc trei zu Déngschte stoungen, nom Modell vum hollännesche Statsrot agefouert.
Wat d’Dispositiounen aus dem Kapitel iwwert d’Lëtzebuerger an hir Rechter ubelaangt, esou huet d’Verfassung vun 1856 dës gréisstendeels intakt gelooss, ofgesi vun der Neesaféierung vun der Timberstax op de Presseverëffentlechungen an der Coresponsabilitéit vun den Editeuren am Fall vun engem Pressedelikt. Ausserdeem gouf festgeluecht, datt den „Droit de s’associer“ duerch e Gesetz geregelt an ageschränkt gi soll.

D’Verfassung vum 17. Oktober 1868, déi och haut nach en vigueur ass, stellt fir d’éischt emol erëm d’Gläichgewiicht hier tëschent dem exekutive Pouvoir, deen de Roi Grand-Duc behalen huet, an dem legislative Pouvoir, deen en erëm mat der Chambre des Députés gedeelt huet. No an no gehéiert d’Puissance souveraine net méi dem Roi Grand-Duc, mä geet un d’Natioun iwwer.
De 15. Mee 1919, direkt nom Éischte Weltkrich, ass d’Verfassung enger Revisioun ënnerzu ginn, déi den demokratesche Grondsaz, laut deem d’Souveränitéit bei der Natioun läit, an dat allgemengt Wahlrecht aféiere wollt. Dat bedeit d’Ofschafe vum Suffrage censitaire[1] an d’Männer an d’Fraen, déi d’Konditioune fir wielen ze goen erfëllen, gi gläichermoosse bei de Wahlen zougelooss.
[1] Ageschränkte Wahl, bei där d’Wielegoen deene virbehalen ass, déi iwwert e gewëssent Verméige verfügen, dat iwwert d’Bezuele vun enger bestëmmter Zomm un direkte Steieren („cens“ am Franséischen) festgestallt gëtt, Vocabulaire juridique de Cornu.
Zënter dem Enn vum Zweete Weltkrich bis 1988 ass d’Verfassung néngmol geännert ginn. Besonnesch ervirzehiewe sinn hei:
- d’Revisioun vum 28. Abrëll 1948, déi no den Evenementer vun deenen zwee Weltkricher den internationale Statut vum Land geännert an am Artikel 1 vun der Verfassung d’perpetuell Neutralitéit vum Groussherzogtum Lëtzebuerg opgehuewen huet. Doriwwer eraus garantéiert zënter 1948 den Artikel 11 vun der Verfassung déi natierlech Rechter vum Mënsch a vun der Famill, d’Recht op Aarbecht, d’gewerkschaftlech Fräiheete souwéi aner Rechter;
- d’Revisioun vum 25. Oktober 1956, mat där den Artikel 37 vun der Verfassung geännert an den Artikel 49bis nei agefouert goufen, fir datt eist Land europäesch Traitéen ënnerschreiwe konnt, déi virgesinn hunn, souverän Pouvoiren zäitweileg un international Organisatiounen ofzetrieden;
- d’Revisioun vum 27. Januar 1972, mat där den Alter fir d’aktiivt an d’passiivt Wahlrecht vun 21 op 18 Joer, respektiv vu 25 op 21 Joer erofgesat ginn ass;
- d’Revisioun vum 13. Juni 1979, déi ënner anerem den Artikel 107 iwwert d’Gemengen an deem Sënn geännert huet, datt d’Pouvoire vun de Gemengen als autonom territorial Kollektivitéiten, déi hire Patrimoine an hir eegen Interesse verwalten, konsolidéiert gi sinn;
- d’Revisioun vum 25. November 1983, déi d’Vereedegungsformele vum Grand-Duc a vum Régent, vun den Deputéierten an de Fonctionnairen aktualiséiert huet, andeems de Sazdeel „Ainsi Dieu me soit en aide“ (mat Gottes Hëllef) ewechgefall ass.

Zënter 1988 gouf d’Verfassung an ëmmer méi kuerzen Ofstänn ofgeännert, tëschent 1988 an 2008 gouf et esou net manner wéi 24 Modifikatiounszykle vun der Verfassung. Bei den Ännerunge kann een déi hei besonnesch ervirhiewen:
- 1988 gouf d’Zuel vun den Deputéierten op 60 festgeluecht;
- d’Reform vum Statsrot, d’Kreatioun vun den administrative Juridiktiounen a vum Verfassungsgeriicht am Joer 1996;
- d’Ofschafe vun der Doudesstrof 1999;
- am Joer 2000, d’Schafe vun enger verfassungsrechtlecher Basis fir d’Approbatioun vum Statut vum Internationale Strofgeriichtshaff;
- d’Reform vun den Dispositiounen iwwert de Pouvoir réglementaire an d’Aschreiwen an d’Verfassung vun den Etablissement-publicken am Joer 2004;
- d’Ëmformuléiere vun de Regelen iwwert d’Immunitéit vun den Deputéierten an d’Konditiounen, fir dës Immunitéit opzehiewen, am Joer 2006;
- d’Reform vun den Dispositiounen iwwert d’Lëtzebuerger Nationalitéit am Joer 2008;
- am Joer 2009, d’Ofschafe vum Grand-Duc sengem Virrecht, fir d’Gesetzer ze sanktionéieren.